Fuesparty C4

De Freide virun der Fuesvakanz war eis traditionell Fuesparty op der Galerie vun der Sportshal. Niewent Spill an Danz goufen och erëm déi beschte selwergemaachte Kostümer esou wéi déi beschte kaafte Kostümer vun eiser professioneller Jury erausgesicht.

Den ganzen Beitrag lesen …

Fuesparty – Albert Elsen

Virun der Fuesvakanz hunn déi Kleng an déi Grouss am Gebai Albert Elsen Fuesent gefeiert.

Alleguerten ware mer flott verkleet an dëst Joer konnt een, nieft deenen klasseschen Kostümer, souguer en Hung an en Legosmännchen bewonneren.

Mee egal als wat een komm war,  jiddereen huet sech gutt amuséiert.

Hei sinn d’Fotoen vun eiser lëschteger Party.

Konferenz: Vereinbarkeit von Familie und Beruf – ein Ding der Unmöglichkeit ?

Im Rahmen der Zusammenarbeit zwischen Inter-Actions asbl, der Grundschule Mersch, den Elternvertretern, dem „Mierscher Lieshaus“ und der Elternschule Janusz Korczak, laden wir Sie herzlichst zu unserem Elternabend am Donnerstag, den 26. Februar 2015 um 18.30 Uhr ein.

Dieser thematische Elternabend wird geleitet von Frau Jeannine Schumann, Sozialpädagogin, in luxemburgischer Sprache mit simultaner französischer Übersetzung.

Die Vereinbarkeit von Beruf und Familie gründet auf einem gegenseitigen Entgegenkommen von Arbeitgebern und Arbeitnehmern. Eine gerechte Aufteilung von beruflichen und familiären Verantwortungen verlangt Anstrengungen und Maßnahmen sowohl von Seiten der Firmen als auch der Angestellten, aber auch fördernde gesetzliche Rahmenbedingungen. Die Definition von Vereinbarkeit, die Herausforderungen, die sich daraus ergeben, so wie die eigenen Erfahrungen bilden den Rahmen dieser Veranstaltung.

Fotoe Chrëschtmaart 2014

Chreschtmaart201452An Zesummenaarbecht mat der Maison Relais an den Elterevertrieder huet d’Léierpersonal vum Krounebierg donneschdes, den 18. Dezember déi zweete Kéier de Chrëschtmaart organiséiert. Ganz vill Kanner a Begleedung vun hiren Elteren hunn de Wee op de Krounebierg fonnt. Niewent de Bastelsaachen, konnt een och eis faméis Kniddelen a Panecher schmaachen, esou wéi Kéisraclette. Um 18.30 Auer wor et dunn um C3 fir zesummen op der grousser Bühn e puer Chrëschtlidder ze sangen. Dotëschent konnt een Tombola Louse kafen oder gebrauchte Bicher vun de Kanner. Um 19.30 Auer hunn d’Kanner aus dem C4 hir Chrëschtlidder gesongen. Alles an allem war och dës Editioun vun eisem Chrëschtmaart e grousse Succès. Beim Spendebeemchen koume ronn 500 Euro eran, déi integral un d’UNICEF gespent ginn. Déi Suen déi soss erakomm sinn, ginn tëschen de Klassen opgedeelt a virun allem fir Ausflich a Kolonie gebraucht.

Hei d’Fotoe vun dëser Editioun:

Den ganzen Beitrag lesen …

Ännerung am Bustransport

Busaännerung

Chrëschtmaart um Krounebierg

Affiche2014

Den 18. Dezember organiséieren d’Enseignanten aus den Zyklen 3 a 4 zesumme mat de Kanner, den Elterevertrieder an der Maison relais vun 17.30 bis 21.00 Auer ee Chrëschtmaart an der Schoul Cécile Ries.

Nieft Bastelsaachen, déi d’Klassen an d’Maison relais verkafen, bidde mir och ee gudde Maufel a verschidden Zorte Gedrénks géint den Honger an den Duuscht. Kniddelen, Panecher, Raclette, Weihnachstgebäck, Glühwäin, Schoky… et ass fir jiddereen eppes dobäi.

Och dëst Joer hunn d’Kanner erëm d’Méiglechkeet hier Bicher ze tauschen oder ze verkafen. Doniewent kënnt der erëm flott Präisser bei eiser Tombola gewannen.

Fir déi musikalesch Begleedung suerge verschidde Klassen, déi Chrëschtlidder virsangen.

Mir hoffen, dass Dir de Wee op de Krounebierg fannt a soumat hëlleft, dass dësen Dag fir ons all eppes ganz Besonneges gëtt.

Geeschterowend 2014

DSC_0624Den Dënschdeg, den 4.November waren d’Geeschter nees lass am Gebai Albert Elsen.

D’Haaptattraktioun war natierlech eis Geeschterbunn, déi all Kéiers méi grouss an sophistiquéiert gëtt.

Derniewent hunn eis kleng Geeschter kennen bei den Hexen an der Kichen,all méiglech an onméiglech Saachen schmaachen.Um Menu stoungen z.B. ofgeschnidden Fanger, Aen an Wierm. Falls se dat iwwerlieft hunn, konnten se duerno eisem Zauberer nokucken, deen dem aarmer Joffer Nelly Messeren an de Kapp gestach huet.

No deem Schreck, konnten eis Kleng dunn mol entspanen an en richtegt léift Gespenst bastelen.

Méi schlëmm ass et dunn awer ginn ,ewéi se hunn missten fillen an roden wat e puer Hexen hinnen an schwaarzen Tuten verstoppt haten.Wat dat alles war, kann een wierklech kengem soen.

Am Geeschterkino huet de Kanner hiert Lieblingsschof Shaun sech méi ewéi eng Kéier bal zu Doud gefaart. Awer keng Angscht, och des Kéier hat alles en Happyend.

Am leschten Atelier hunn e puer musikalesch Geeschter mat eisen Klengen e flott Lidd gesongen .

Als Kréinung vun dem Ganzen gouf dëst Joer och nach en superflott Feierwierk ofgebrannt .

Déi gutt, déi béis an och déi kleng Geeschter hunn sech op allen Fall deen Owend gutt amuséiert an mir soen all deenen déi dobäi gehollef hunn en decken Merci !

Hei sinn d’Fotoen .

An der Thillenvogtei

044De Musée Thillenvogtei as e liewegen Landmuseum mat Schwéierpunkt Landwirtschaft, Handwierk, Hauswiesen a Schoul. Säit neistem sinn si net méi zu Wahl mee zu Randschelt ( Rindschleiden ). Eng vun villen Aktivitéiten déi si Gruppen an Schoulklassen ubidden ass en Ausfluch an den Bongert. Duerno gëtt dann zesummen Viz gemaach an  Äppeltaarten gebak. D’Klass Blasius / Etgen huet vun engem vun den leschten schéinen Deeg am Hierscht profitéiert fir den Kanner een Deel vum Liewen vun fréier méi no ze bréngen.

Hei sinn hir Fotoen.

Konferenz: Die Rolle des Vaters in der Erziehung der Kinder

TTTDonaldIm Rahmen der Zusammenarbeit zwischen Inter-Actions asbl, der Grundschule Mersch, den Elternvertretern, dem „Mierscher Lieshaus“ und der Elternschule Janusz Korczak, laden wir Sie herzlichst zu unserem Elternabend am Donnerstag, den 13. November 2014 um 18.30 Uhr ein.

Unsere Gesellschaft hat sich in den letzten 20 Jahren stark gewandelt, dies hat folglich auch Auswirkungen auf die Bedeutung der Rolle des Vaters in der Erziehung der Kinder. Wie sich nun diese Rolle verändert hat und wie sich dies auf die Entwicklung unserer Kinder auswirkt, wird hier thematisiert. Der Vortrag richtet sich an Väter UND Mütter und an all jene, die sich mit dem Gedanken tragen, Eltern zu werden!

Dieser thematische Elternabend wird geleitet von Herr KLAUS ELGAS, in luxemburgischer Sprache mit simultaner französischer Übersetzung.

Kiermesmatch 2014

DSC_0344An hei sinn d’Fotoen vun eisem Kirmesmatch, deen sech op allerhéchstem sportlechen Niveau ofgespillt huet.Präzis Passen,ausgeklügelt Taktiken, Topkonditioun an vollen Kierperasatz waren bei allen Equipen ze gesinn. D’Publikum an d’Spiller waren begeeschtert an haten hiren Spaass. Wat wëllt een méi? Just d‘Resultat huet trotz eisen perfekten Schiedsriichter wuel kaum een matkritt. Wann elo, no der doter Leeschtung, Bayern München eis net all Spiller ewegkeeft, kennen mer eis schonn all op d’nächst Joer freeën.