Kiermesmatch 2015

Kiermesmatch-web Den 28te September ass et rëm sou wäit, dat Mierscher Léierpersonal spillt den traditionelle Kiermesmatch.

Bei dësem Juxmatch geet et manner drëm ze gewannen. Haaptzil ass et, deen aneren Dag nach relativ souverän mat sengem Muskelkater iwwert de Schoulhaff ze trëppelen.
Och dëst Joer hunn sech rëm e puer Sportskanounen afonnt: d’Samba Teachers, en Team aus Filigranfussballer déi drop brennen, déi éischte Kéier an hirem Liewen e Ball ze stoussen.

Hire Géigner, d’Allstars vun der Mierscher Gemeng, ziddere lo scho vun Angscht a free’en sech op déi eng oder aner blo Plaz.
Wann dir dësem Spektakel bäiwunne wëllt, da musst dir de Méindeg, 28. September op den Terrain Schlasspesch kommen, wann de Ball ab 18.15 rullt. Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt.
Allez Samba Teachers!

Rentrée 2015/2016

Wann een déi läscht Deeg laanscht d’Mierscher Schoule geet, gesäit een, dass sech alles op d’Rentrée virbereed. D’Botzfraen, eis Conciergen, d’Gemengenaarbëchter an d’Léierpersonal suergen dofir, dass alles fir den Dënsdeg prett ass.

All wichteg Informatiounen zur Rentrée fannt Dir elo am neie Mierscher Schoulbuet an natierlech och op dëser Säit.

eng gutt Rentrée 2015/2016!

Time to say goodbye

Dat heiten ass no 13 Joer als Webmaster vun de Mierscher Schoule mäi leschten Artikel. Säit dem Schouljoer 2001/2002, wor ech responsabel fir d’Infosmaterial, d’Maintenance vun de Computeren, vum Réseau a vum Server um Krounebierg. An deenen 12 Joer wore 5 verschidde Versioune vun eiser Homepage ënnert www.mierscher-schoulen.net ze fannen: déi 2 éischt woren nach op der Hand programméiert, ab der drëtter koum dunn Joomla zum Asaatz a säit der leschter Versioun setze mer op WordPress. Leider wore just nach 2 Versiounen dovunner opzedreiwen, eng en plus ouni Biller Frown

Homepage v. 2.0

Homepage v. 2.0

Mierscher-Schoulen v.4

Homepage v.4.0

Bei dëser Geleeënheet wollt ech virun allem eise jonke Redakteren nach eng Kéier Merci soen fir hir flott a kandgerecht Artikelen. Och de ronn 14.000 jäerleche Visiteuren esou wéi all Mënsch, dee bei dësem Projet eng Hand mat ugepaakt huet, wëll ech Merci soen.

D’Infoszepter iwwerhëllt ab der Rentrée den David Mannes.

Klassematcher 2015

Säit Ufank Juni huet rëm déi sportlech a kompetitiv Saison um Krounebierg ugefaang: d’Schüler aus dem C3 a C4 spillen déi traditionell Klassemachter. Hei de Programm vun 2015:

  • Cycle 4.1:  Handball    3. Juni
  • Cycle 4.2:  Basket     10. Juni
  • Cycle 3.2:  Fussball     17. Juni
  • Cycle 3.1:   Fussball     24. Juni

D’Klassematcher sinn all Kéiers mëttwochs tescht 14:00 a 16:00 an der Hal um Krounebierg. D’Eltere sinn natierlech invitéiert fir hier Kanner ufeieren ze kommen.
E grousse Merci un d’Organisatioun a fir d’Mataarbecht op der Plaatz, grad esou wéi un d’Supporter déi de Wee an d’Hal um Krounebierg fonnt hunn oder nach fanne wäerten.
Fair Play!

Hei fannt der e puer Fotoe vum Handballtournoi am C4.1:

Den ganzen Beitrag lesen …

Coupe scolaire 2015

securout622Bei der Coupe Scolaire geet et drëms d’Sécherheet um Vëlo bei de jonke Fuerer ze verbesseren. Zu Miersch huelen traditionell all d’Schüler aus dem Cycle 4.1 deel.  De Vëlo gëtt vu ville Kanner als Transportmëttel genotzt an dofir ass et wichteg, datt si fréi léiere sech richteg am Verkéier ze verhalen. D’Coupe Scolaire setzt sech aus engem theoreteschen an engem prakteschen Deel zesummen. Als éischt ginn d’Schüler ob d’Theorie virbereet a schléissen dee Volet mat engem Examen of. Parallel dozou ginn d’Schüler an de Verkéiersgaart um Krounebierg a kënne virun der Coupe Scolaire un den Trainingsnomëtteger deelhuelen. Hei fannt der e puer Biller vun der Editioun 2015. Mir soen all deene villmools Merci déi eis bei der Organisatioun, Virbereedung an Ëmsetzung gehollef hunn.

Den ganzen Beitrag lesen …

Eist Afrikaduerf

DSC03477

 Nee, mir sinn natierlech  net bis an Afrika gefuer. Dat wier jo och e bëssen wäit gewiescht.

Eist Duerf war vun der Action Solidarité Tiers Monde an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Miersch an der Hal Irbicht zu Biereng opgebaut ginn.

Hinnen all dofir nach eng Kéier en decken Merci.

Esou haten eis Kanner d’Geleeënheet fir d’Liewensgewunnechten an engem afrikaneschen Duerf kennen ze léieren.

Si hunn z.Bspl. erkannt wéi schwéier et kann sinn fir un proppert Waasser ze kommen an wéi vill  d’Leit mussen schaffen fir hiert Iessen ze preparéieren.

Wéi eist Afrikaduerf ausgesinn huet ,gesitt der hei op dësen Fotoen.

Kuck wat ech kann 2015

Kuck wat ech kann 2015Dëst Joer ass et rëm souwäit. Fir de leschte Schouldag organiséiere mir déi 2. Editoun vun onser Talent show  „Kuck wat ech kann!“. Wann’s du am Cycle 4 bass, a sangen, danzen, zauberen, jongléieren, turnen, en Instrument spillen oder gutt Witzer erziele kanns, dann bass du elo gefrot! Méindes, den 1. Juni a freides, de 5. Juni sinn an der Mëttesstonnen Castingen. Kriss du e Recall vum Jury, da kanns du de 15. Juli viru groussem Publikum däin Talent weisen. Du kanns alleng, oder an enger Grupp vu maximal 4 Kanner optrieden.

Let the show beginn!

Hei nach e puer Schnappschëss vun eisen Talenter an vun der grousser Finale 2015:

kwek-gilles

DSC_0576

DSC_0572

kwek-adam

DSC_0082

kwek-sven

DSC_0131

E Stopp fir de Mupp

Säit dësem Schouljoer ënnerstëtzt d’Mierscher Schoul d’Aktioun „E Stopp fir de Mupp“. An all Klass gi Stëpp gesammelt, déi et herno erméiglechen d’Ausbildung vun engem drëtten Begleedhond ze financéieren. Fir datt mer och all déi richteg Stëpp sammelen, hei nach eng Kéier e klenge Rappel:

Stepp-Mupp

Spendenbaum für UNICEF

Chèque UNICEFAm 18. Dezember 2014, ist es dem C4.2. gelungen durch einen Spendenbaum 500€ zu sammeln. Durch den Verkauf von selbstgebastelten Papiertütchen, konnte diese Summe an UNICEF gespendet werden. Die Papiertütchen wurden mit LED-Lampen an einen Weihnachtsbaum gehängt und schmückten somit den Weihnachtsmarkt im Schulhof der Schule Cécile Ries.

Bicherausstellung vun der Libraire Dumong

Exposition et vente de livres