Virliesconcours 2016

De Virliesconcours, deen all Joer vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse organiséiert gëtt, riicht sech un all Schüler aus dem Cycle 4. Zu Miersch sicht all Klass hire beschte Lieser, dee si dann am Concours am Kulturhaus vertrëtt. Au Choix sinn d’Texter op Däitsch, Franséisch oder Lëtzebuergesch. E Jury vun 11 Leit lauschtert de Kandidaten no a passt ënnert anerem op Critère wéi Liesfloss, däitlech Aussprooch, d’Wiel vum Text an d’Textgestaltung op.

DSC_0320

D’Thema vum Virliesconcours 2016 war „Frëndschaft“ an d’Kanner hunn aus folgende Bicher/Texter virgelies:

  • Lori Schroeder – die Mutprobe vum Carolin Philipps
  • Lara Grogan – Rico, Oskar und die Tieferschatten vum Andreas Steinhöfel
  • Yves Krecké – Bob der Streuner vum James Bowen
  • Céline Cunha – Rout Rouse fir d’Maisy vum René Kartheiser
  • Wendy Funck – Rico, Oskar und der Diebstahlstein vum Andreas Steinhöfel
  • Niman Tehrani – Chaos bei den Kallmanns vum Sabine Neuffer
  • Chiara Mergen – die drei Ausrufezeichen, Tatort Paris vum Henriette Wich
  • Emmanuel Schroeder – Wir wollen ins Finale vum ThiLo
  • Alex Agostini – Hilfe ich bin ein Alien vum Jo Franklin
  • Vincent Colbach – Neben mir ist noch Platz vum Paul Maar
  • Isabelle Jolivet – Das Meermädchen Internat vum Dagmar Mueller

Aus all Cycle konnt awer just ee Kandidat weiderkommen. Den Nima Tehrani aus dem Cycle 4.1 an d’Wendy Funck aus dem Cycle 4.2 vertrieden eis Schoul an der nächster Ronn, hinnen 2 vun hei aus Bonne Chance gewënscht!

Mir soen awer och all deenen anere Kanner Merci, déi sech getraut hu viru sou engem grousse Publikum ze liesen. Eise Publikum huet sech iwwregens virbildlech verhalen an huet all eenzelne Lieser mat déckem Applaus ennerstëtzt. Sou e respektvollen Emgang tëschend de Kanner wënsche mir eis ëmmer an iwwerall an dat Verhalen huet vill Erwuessener, déi dee Mëtteg am Kulturhaus ware beandrockt!

E besonnege Merci geet awer och un den Här Steichen, deen och rëm dëst Joer mat senge Muséksklassen fir eng gutt Ambiance gesuergt huet.

Hei nach e spektakulären Timelapse Video wéi d’Kulturhaus sech fëllt…

Eisen Fréijorsmaart 2016

DSC_0359

 

 

 

 

 

 

 

 

Dëst Joer hat eisen Fréijorsmaart en Super Succès. En décken Merci un jiddereen , deen an iergendenger Form dozou bäigedroen huet.

Esou kënnen mer elo d’Associatiounen Aide à l’enfance de l’Inde an  Rokku Mi Rokka kräfteg ënnerstëtzen an esou Kanner an Indien an Afrika hëllefen, deenen et net esou gutt geet.

Hei sinn e puer Souveniren vun deem flotten Mëtteg.

Fréijorsmaart – 2016

Zum Schluss vum Wanter gëtt et Zäit d’Fréijor ze begréissen!

Samschdes, den 19. Mäerz 2016 ass et rëm sou wäit:

D’Kanner aus de Cycle 2 & 3 aus der Schoul Albert Elsen organiséiere mat hiren Enseignanten an der Hëllef vun den Elterevertrieder den traditionelle Fréijorsmaart am Festsall Nic Welter.

All déi déi Loscht hunn, kënne gären um 14:30 bis laanscht kommen. Et gëtt Kaffi a Kuch, eng Tombola, e Second Hand Maart an natierlech Bastelaarbechte vu de Schüler.

Bis geschwënn. 🙂

Flyer freijorsmaart

Eis Fuesparty

DSC_0142Dëst Joer haten mer op eiser Fuesparty am Gebai Albert Elsen Boken mat gréngen , gielen an rosaen Gesichter.

Esouguer e Schnéimännchen war derbäi , deem et hoffentlech net ze waarm war.

Awer och all déi aner waren flott verkleed an hunn sech gutt amuséiert.

Wéi vill Spaass si haten, kennt der hei op eisen Fotoen gesinn.

Fuesparty um Krounebierg

karnevalFreides virun der Fuesvakanz war alt rëm eng méi lass um Krounebierg: lauter Fuesboken haten de Wee an d’Cécile Ries Grondschoul fonnt.

Ob engem flotten Nomëtteg gouf gefeiert, Jus gedronk a genuch Kuch giess. No e puer spannende Spiller gouf et och de beschte Kostüm gewielt. Et gouf Präisser fir dee beschte selwergebastelten a fir dee beschte kaaftene Kostüm. Folgend Schüler hunn sech d’Plaz um Podium gedeelt:

Dee flottste selwergebastelte Kostüm haten: d’Nora als Dësch, d’Karolina als Ü-Ei an den Anel als Streber.
Dee flottste kaaftene Kostüm haten: den Denis als den Hutmacher vun Alice im Wunderland, de Felix als Pilot an d’Jenny als Mexikanerin.

Dertëscht gouf fläisseg gedanzt a zesumme gespillt.

Hei kënnt der iech déi beschte Schnappschëss ukucken.

Nächste Rendez-Vous ass an engem Joer.

Eise Chrëschtmaart 2015

DSC_0042Eise Chrëschtmaart hat dëst Joer enormen Succès. Eng vun villen Ursaachen dofir, war ganz bestëmmt eisen Kannerchouer aus dem Cycle 2.Déi Kleng hunn gesongen ewéi d’Engelcher an eis all domadder an déi Adventsstëmmung bruecht, déi een weder um Internet nach am Shoppingzenter fënnt.

En decken Merci un eisen Chouer an un all Leit , déi mat hinnen geprouft hunn.

Hei fannt der d’Fotoen vum Event.

Chrëschtmaart 2015

De 17. Dezember 2015 ass et rëm sou wäit: fir drëtt gëtt um Krounebierg bei der Cécile Ries Schoul e Chrëschtmaart organiséiert. D’Schüler si scho fläisseg amgaang mat bastelen a wäerte geschwënn och schonn éischt Bakversich hannert sech hunn.

Nieft dem Verkaf vun de Bastelsaachen ass och rëm e Bichermaart an déi musikalesch Talenter wäerten och eppes zum beschte ginn.

Fir d’Iessen an d’Gedrénks ass natierlech och gesuergt.

Mir freeën eis ob Iech.

Chreschtmaart

Harald Jüngst

Ende Oktober besuchte Harald Jüngst die Merscher Grundschule. Er begeisterte zahlreiche Schüler mit seinen spannend und humorvoll erzählten Geschichten.

IMG_0121IMG_0119IMG_0120

Wer mehr über den gelernten Grundschullehrer, der in Duisburg (D) und dem nordwestirischen Donegal lebt, wissen möchte kann dies auf seiner Homepage nachlesen.

 

Elterevertrieder Miersch

Den 29. Oktober 2015, goufen d’Elterevertrieder vun der Mierscher Schoul fir den Zäitraum 2015-2017 gewielt. Hei eng Foto vum Grupp:

 Elterevertrieder

  • 1. Rei (vu lénks no riets) : Jeannot Loutsch, Thierry Terrens, Serge Provost (Member vun der commission de circulation)
  • 2. Rei (vu lénks no riets) : Tania Weinzaepfel, Lene Brochner, Monique Oesch, Christine Leinen, Danielle Bous

Op der Foto feelen: Marie-Jeanne Conter & Karsten Lunow

Hei fannt der nach weider Informatiounen iwwert d’Zieler an d’Aktivitéite vun de Mierscher Elterevertrieder.

 

 

Kiermesmatch 2015

Hei nach e puer Fotoe vum Kiermesmatch 2015.

Dës Kéier waren et jo d’Allstars vun der Mierscher Gemeng déi géingt d’Samba Teachers ugetruede sinn. D’Spiller hunn alleguer volle Kierperasaz gewisen, eng top Konditioun ënner Beweis gestallt an eng ganz innovativ Spilltaktik presentéiert.

Et kann een sech schonn ob déi nächst Editioun freeën!