Bustransport

Bus cycle 1 Bus c2-4 A Bus c2-4 B Bus Cycle 1-4

 

Schülertransport

Fir datt de Schülertransport, dee vun der Mierscher Gemeng organiséiert gëtt, zur gréisster Zefriddenheet fonktionéiere kann, biede mer Iech, Är Kanner op folgend Regelen opmierksam ze maachen :

  • D’Kanner musse sëtze bleiwe während der Dauer vum Transport.
  • De Schoulsak muss ënnert dem Sëtz verstaut ginn. Et ass net erlaabt, de Schoulsak um Réck ze halen.
  • Et ass verbueden, am Bus ze jäizen an/oder di aner Kanner ze stoussen, wann dës wëllen eran- oder erausklammen.
  • D’Kanner mussen dem Buschauffer an/oder dem Begleetpersonal am Bus follegen.
  • D’Kanner sollen oppassen, datt de Bus propper bleift. Dowéinst ass et och verbueden, am Bus z’iessen an ze drénken.
  • Et ass erlaabt, e Ball mat an de Bus ze huelen, wann dësen an enger Tut transportéiert gëtt.
  • Wann de Bus mat Gurten ausgestatt ass, da mussen d’Kanner dës och undoen.

Wann e Kand dës Regelen net respektéiert, dann informéiert de Buschauffer/Busbegleeder d’Léierpersonal. Jee nodeem, wat virgefall ass, kann d’Gemeng e Kand während enger bestëmmter Dauer vum Bustransport ausschléissen. An dësem Fall kréien d’Elteren an den Enseignant e Bréif vun der Gemeng, wou si iwwert dëse Schrëtt informéiert ginn. D’Eltere mussen dann dofir suergen, datt hiert Kand an d’Schoul kënnt.

 Individuellen Transport

Wann Dir Äert Kand trotz allem eng Kéier mam Auto an d’Schoul féiert, da biede mer Iech ëm Är Hëllef, fir d’Sécherheet vun de Kanner um Schoulwee a beim Schoulgebai ze garantéieren. Mir bieden Iech, Ären Auto op enger offizieller Parkplaz ze parken.