Porte-Ouverte um Krounebierg

Den 30. Mee haten d’Kanner, d’Enseignant’en an d’Maison Relais vum Krounebierg op hir Porte-Ouverte agelueden. D’Thema war: „Komm mat op eng Weltrees“ an et gouf immens vill op dëser Rees ze entdecken. All Deel vun der Schoul war en anere Kontinent an d’Visiteure goufe mat Plakater, Präsentatiounen, Kuerzfilmer an Erklärunge vun de Schüler informéiert a mat Spiller, Rätselen, Musék an Dänz ennerhalen. Fir den Honger an den Duuscht war och gesuergt an d’Leit si mat deene jeweilege kulinarësche Spezialitéite ronderëm d’Welt verwinnt ginn. Vill Elteren haten de Wee an d’Schoul fonnt a konnten sech vun de Kanner hirer gudder Aarbecht iwwerzeegen. Merci jidderengem deen zu deem flotten Dag bäigedroen huet!