Virliesconcours 2016

De Virliesconcours, deen all Joer vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse organiséiert gëtt, riicht sech un all Schüler aus dem Cycle 4. Zu Miersch sicht all Klass hire beschte Lieser, dee si dann am Concours am Kulturhaus vertrëtt. Au Choix sinn d’Texter op Däitsch, Franséisch oder Lëtzebuergesch. E Jury vun 11 Leit lauschtert de Kandidaten no a passt ënnert anerem op Critère wéi Liesfloss, däitlech Aussprooch, d’Wiel vum Text an d’Textgestaltung op.

DSC_0320

D’Thema vum Virliesconcours 2016 war „Frëndschaft“ an d’Kanner hunn aus folgende Bicher/Texter virgelies:

  • Lori Schroeder – die Mutprobe vum Carolin Philipps
  • Lara Grogan – Rico, Oskar und die Tieferschatten vum Andreas Steinhöfel
  • Yves Krecké – Bob der Streuner vum James Bowen
  • Céline Cunha – Rout Rouse fir d’Maisy vum René Kartheiser
  • Wendy Funck – Rico, Oskar und der Diebstahlstein vum Andreas Steinhöfel
  • Niman Tehrani – Chaos bei den Kallmanns vum Sabine Neuffer
  • Chiara Mergen – die drei Ausrufezeichen, Tatort Paris vum Henriette Wich
  • Emmanuel Schroeder – Wir wollen ins Finale vum ThiLo
  • Alex Agostini – Hilfe ich bin ein Alien vum Jo Franklin
  • Vincent Colbach – Neben mir ist noch Platz vum Paul Maar
  • Isabelle Jolivet – Das Meermädchen Internat vum Dagmar Mueller

Aus all Cycle konnt awer just ee Kandidat weiderkommen. Den Nima Tehrani aus dem Cycle 4.1 an d’Wendy Funck aus dem Cycle 4.2 vertrieden eis Schoul an der nächster Ronn, hinnen 2 vun hei aus Bonne Chance gewënscht!

Mir soen awer och all deenen anere Kanner Merci, déi sech getraut hu viru sou engem grousse Publikum ze liesen. Eise Publikum huet sech iwwregens virbildlech verhalen an huet all eenzelne Lieser mat déckem Applaus ennerstëtzt. Sou e respektvollen Emgang tëschend de Kanner wënsche mir eis ëmmer an iwwerall an dat Verhalen huet vill Erwuessener, déi dee Mëtteg am Kulturhaus ware beandrockt!

E besonnege Merci geet awer och un den Här Steichen, deen och rëm dëst Joer mat senge Muséksklassen fir eng gutt Ambiance gesuergt huet.

Hei nach e spektakulären Timelapse Video wéi d’Kulturhaus sech fëllt…