Kiermesmatch 2015

Kiermesmatch-web Den 28te September ass et rëm sou wäit, dat Mierscher Léierpersonal spillt den traditionelle Kiermesmatch.

Bei dësem Juxmatch geet et manner drëm ze gewannen. Haaptzil ass et, deen aneren Dag nach relativ souverän mat sengem Muskelkater iwwert de Schoulhaff ze trëppelen.
Och dëst Joer hunn sech rëm e puer Sportskanounen afonnt: d’Samba Teachers, en Team aus Filigranfussballer déi drop brennen, déi éischte Kéier an hirem Liewen e Ball ze stoussen.

Hire Géigner, d’Allstars vun der Mierscher Gemeng, ziddere lo scho vun Angscht a free’en sech op déi eng oder aner blo Plaz.
Wann dir dësem Spektakel bäiwunne wëllt, da musst dir de Méindeg, 28. September op den Terrain Schlasspesch kommen, wann de Ball ab 18.15 rullt. Fir Iessen an Drénken ass beschtens gesuergt.
Allez Samba Teachers!