About Ralph Floener

Posts by Ralph Floener:

Musical (Cycle 4.2 – LuRaNi)

Zum Ofschloss vum Schouljoer 2015/2016 hunn d’Klassen Nickts & Floener (Cycle 4.2) an Zesummenaarbecht mam Luc Steichen an der zweeter Halschent vum drëtten Trimester e Musical astudéiert: „Coco Superstar… und unsere Schule steht Kopf“.

D’Optrëtter waren déi läscht Schoulwoch zu Biereng an der Hal Irbecht an d’Zuschauer ware begeeschtert vun de Schüler hirer Virstellung.

Déi dräi Schoulmeeschtere sinn houfreg ob d’Leeschtung an d’Engagement vun hire Schüler a soen hinne Merci datt sie sou motivéiert matgemaach hunn a wënschen hinne lo alles Gutts a vill Erfolleg fir hire weidere Schoulwee am Lycée.

All deenen déi eis virun, op oder hannert der Bühn gehollef schécke mer e weidere grousse Merci.

Wann der de Musical verpasst hutt, kënnt der iech hei e puer Fotoen ukucken.

DSC_0399

Fréijorsmaart – 2016

Zum Schluss vum Wanter gëtt et Zäit d’Fréijor ze begréissen!

Samschdes, den 19. Mäerz 2016 ass et rëm sou wäit:

D’Kanner aus de Cycle 2 & 3 aus der Schoul Albert Elsen organiséiere mat hiren Enseignanten an der Hëllef vun den Elterevertrieder den traditionelle Fréijorsmaart am Festsall Nic Welter.

All déi déi Loscht hunn, kënne gären um 14:30 bis laanscht kommen. Et gëtt Kaffi a Kuch, eng Tombola, e Second Hand Maart an natierlech Bastelaarbechte vu de Schüler.

Bis geschwënn. 🙂

Flyer freijorsmaart

Fuesparty um Krounebierg

karnevalFreides virun der Fuesvakanz war alt rëm eng méi lass um Krounebierg: lauter Fuesboken haten de Wee an d’Cécile Ries Grondschoul fonnt.

Ob engem flotten Nomëtteg gouf gefeiert, Jus gedronk a genuch Kuch giess. No e puer spannende Spiller gouf et och de beschte Kostüm gewielt. Et gouf Präisser fir dee beschte selwergebastelten a fir dee beschte kaaftene Kostüm. Folgend Schüler hunn sech d’Plaz um Podium gedeelt:

Dee flottste selwergebastelte Kostüm haten: d’Nora als Dësch, d’Karolina als Ü-Ei an den Anel als Streber.
Dee flottste kaaftene Kostüm haten: den Denis als den Hutmacher vun Alice im Wunderland, de Felix als Pilot an d’Jenny als Mexikanerin.

Dertëscht gouf fläisseg gedanzt a zesumme gespillt.

Hei kënnt der iech déi beschte Schnappschëss ukucken.

Nächste Rendez-Vous ass an engem Joer.

Chrëschtmaart 2015

De 17. Dezember 2015 ass et rëm sou wäit: fir drëtt gëtt um Krounebierg bei der Cécile Ries Schoul e Chrëschtmaart organiséiert. D’Schüler si scho fläisseg amgaang mat bastelen a wäerte geschwënn och schonn éischt Bakversich hannert sech hunn.

Nieft dem Verkaf vun de Bastelsaachen ass och rëm e Bichermaart an déi musikalesch Talenter wäerten och eppes zum beschte ginn.

Fir d’Iessen an d’Gedrénks ass natierlech och gesuergt.

Mir freeën eis ob Iech.

Chreschtmaart

Harald Jüngst

Ende Oktober besuchte Harald Jüngst die Merscher Grundschule. Er begeisterte zahlreiche Schüler mit seinen spannend und humorvoll erzählten Geschichten.

IMG_0121IMG_0119IMG_0120

Wer mehr über den gelernten Grundschullehrer, der in Duisburg (D) und dem nordwestirischen Donegal lebt, wissen möchte kann dies auf seiner Homepage nachlesen.

 

Elterevertrieder Miersch

Den 29. Oktober 2015, goufen d’Elterevertrieder vun der Mierscher Schoul fir den Zäitraum 2015-2017 gewielt. Hei eng Foto vum Grupp:

 Elterevertrieder

  • 1. Rei (vu lénks no riets) : Jeannot Loutsch, Thierry Terrens, Serge Provost (Member vun der commission de circulation)
  • 2. Rei (vu lénks no riets) : Tania Weinzaepfel, Lene Brochner, Monique Oesch, Christine Leinen, Danielle Bous

Op der Foto feelen: Marie-Jeanne Conter & Karsten Lunow

Hei fannt der nach weider Informatiounen iwwert d’Zieler an d’Aktivitéite vun de Mierscher Elterevertrieder.

 

 

Kiermesmatch 2015

Hei nach e puer Fotoe vum Kiermesmatch 2015.

Dës Kéier waren et jo d’Allstars vun der Mierscher Gemeng déi géingt d’Samba Teachers ugetruede sinn. D’Spiller hunn alleguer volle Kierperasaz gewisen, eng top Konditioun ënner Beweis gestallt an eng ganz innovativ Spilltaktik presentéiert.

Et kann een sech schonn ob déi nächst Editioun freeën!

Klassematcher 2015

Säit Ufank Juni huet rëm déi sportlech a kompetitiv Saison um Krounebierg ugefaang: d’Schüler aus dem C3 a C4 spillen déi traditionell Klassemachter. Hei de Programm vun 2015:

  • Cycle 4.1:  Handball    3. Juni
  • Cycle 4.2:  Basket     10. Juni
  • Cycle 3.2:  Fussball     17. Juni
  • Cycle 3.1:   Fussball     24. Juni

D’Klassematcher sinn all Kéiers mëttwochs tescht 14:00 a 16:00 an der Hal um Krounebierg. D’Eltere sinn natierlech invitéiert fir hier Kanner ufeieren ze kommen.
E grousse Merci un d’Organisatioun a fir d’Mataarbecht op der Plaatz, grad esou wéi un d’Supporter déi de Wee an d’Hal um Krounebierg fonnt hunn oder nach fanne wäerten.
Fair Play!

Hei fannt der e puer Fotoe vum Handballtournoi am C4.1:

Den ganzen Beitrag lesen …

Coupe scolaire 2015

securout622Bei der Coupe Scolaire geet et drëms d’Sécherheet um Vëlo bei de jonke Fuerer ze verbesseren. Zu Miersch huelen traditionell all d’Schüler aus dem Cycle 4.1 deel.  De Vëlo gëtt vu ville Kanner als Transportmëttel genotzt an dofir ass et wichteg, datt si fréi léiere sech richteg am Verkéier ze verhalen. D’Coupe Scolaire setzt sech aus engem theoreteschen an engem prakteschen Deel zesummen. Als éischt ginn d’Schüler ob d’Theorie virbereet a schléissen dee Volet mat engem Examen of. Parallel dozou ginn d’Schüler an de Verkéiersgaart um Krounebierg a kënne virun der Coupe Scolaire un den Trainingsnomëtteger deelhuelen. Hei fannt der e puer Biller vun der Editioun 2015. Mir soen all deene villmools Merci déi eis bei der Organisatioun, Virbereedung an Ëmsetzung gehollef hunn.

Den ganzen Beitrag lesen …

Musical „Schwein gehabt“

Schwein gehabtAm Laf vum drëtten Trimester hunn d’Klassen Nickts a Floener aus dem Cycle 3.2 an Zesummenaarbecht mam Luc Steichen e Musical astudéiert, wat d’Schüler am ganze virun iwwer 600 Nolauschterer a 5 Virstellunge presentéiert hunn.

Déi dräi Schoulmeeschtere sinn ganz stolz ob d’Resultat an d’Engagement vun hire Schüler a soen hinne Merci datt si sou motivéiert matgemaach hunn.

E weidere grousse Merci geet un all déi, déi am Virfeld, während den Opféierungen an dono matgeschafft hunn an sou den Erfolleg erméiglecht hunn.

Hei fannt der lo e puer Fotoen aus den eenzelne Virstellungen.

Den ganzen Beitrag lesen …