About David Mannes

Posts by David Mannes:

Rentrée 2015/2016

Wann een déi läscht Deeg laanscht d’Mierscher Schoule geet, gesäit een, dass sech alles op d’Rentrée virbereed. D’Botzfraen, eis Conciergen, d’Gemengenaarbëchter an d’Léierpersonal suergen dofir, dass alles fir den Dënsdeg prett ass.

All wichteg Informatiounen zur Rentrée fannt Dir elo am neie Mierscher Schoulbuet an natierlech och op dëser Säit.

eng gutt Rentrée 2015/2016!

Kuck wat ech kann!

Kuerz virun der grousser Vakanz war d’Final vun eiser éischter Talentshow „Kuck wat ech kann“. D’Jury hat et ganz schwéier eng Entscheedung ze treffen bei sou ville Kanner mat verschiddenen Talenter. Schlussendlech huet jo awer ee misse gewannen, an dat waren d’Clara aus der Klass Lahur zësumme mam Andreia aus der Klass Didelot. Hei kënnt dir iech nach emol d’Fotoen vun der Final ukucken. Vill Spaass!

Klickt hei fir all d’Fotoen ze kucken!

Virliesconcours 2013

virlies 1Wien ass de beschte Lieser am Cycle 4 an der Gemeng Miersch?

Där Fro si mir de 15. März am Kulturhaus zu Miersch nogaangen. Och dëst Joer hunn sech 11 couragéiert Lieser aus de Cyclen 4.1 & 4.2 getraut, virun enger Jury an engem grousse Publikum ze liesen. Den Här Steichen, d’Joffer Goedert an d’Joffer Petry hate fir déi musikalësch Ennerhalung gesuergt a mat hire Kanner d’Zäit tëschend de Pause verkierzt.

Den ganzen Beitrag lesen …

Bicheraustellung um Krounebierg

Wéi all Joer présentéiert Iech d’Librairie Dumong wat et Neies um Bichermaart gëtt. Vum 4te bis de 7te Mäerz kënnt dir Iech an der Bibliothéik vun der Cecile Ries Schoul a Punkto Bicher op de läschte Stand bréngen an et besteet och d’Méiglechkeet déi Bicher direkt sur place ze kafen.Bicheraustellung