About Pol Hansen

Posts by Pol Hansen:

Aweiung Nic Welter

DSC_0005

 

De Freideg , den 2. Juni hunn mir eis nei Nic Welter Schoul mat der neier Maison Relais ageweit.

Dat ganzt Gebai huet déi stolz Zomm vu 15,5 Milliounen Euro kascht.

Dofir krute mir eng supermodern Schoul mat Airtramp, Bibliothéik , Kichen, Bastelsall, Naturspillplatz , flotte Klassensäll an enger Maison Relais fir 300 Kanner.

De Minister Claude Meisch zesumme mat eisem Gemengerot an villen Invitéen huet d’Nik Welter Schoul senger Bestëmmung iwwerginn an der Hoffnung , datt d’Kanner do déi beschte Viraussetzungen hunn fir ze léieren an ze liewen.

An esou enger flotter Schoul geet d’Léiere jo och wuel baaal vum selwen , oder …?

Hei sinn d’Fotoe vun der Aweiung.

 

 

 

Geeschterowend 2016

DSC_0640 - Kopie (2)Den Dënschdeg, den 8.November waren d’Geeschter nees lass am Gebai Albert Elsen.

D’Haaptattraktioun war natierlech eis Geeschterbunn, déi all Kéiers méi grouss an sophistiquéiert gëtt.

Derniewent hunn eis kleng Geeschter kennen bei den Hexen an der Kichen,all méiglech an onméiglech Saachen schmaachen.

Um Menu stoungen z.B. ofgeschnidden Fanger, Aen an Wierm. Falls se dat iwwerlieft hunn, konnten se duerno eisem Zauberer nokucken, deen dem aarmer Joffer Nelly Messeren an de Kapp gestach huet.

 

No deem Schreck, konnten eis Kleng dunn mol entspanen an en richtegt léift Gespenst bastelen.

Méi schlëmm ass et dunn awer ginn ,ewéi se hunn missten fillen an roden wat e puer Hexen hinnen an schwaarzen Tuten verstoppt haten.

Wat dat alles war, kann een wierklech kengem soen.

 

Am Geeschterkino huet de Kanner hiert Lieblingsschof Shaun sech méi ewéi eng Kéier bal zu Doud gefaart.

Awer keng Angscht, och des Kéier hat alles en Happyend.

Am leschten Atelier hunn e puer musikalesch Geeschter mat eisen Klengen e flott Lidd gesongen .

Als Kréinung vun dem Ganzen gouf dëst Joer och nach en superflott Feierwierk ofgebrannt .

Déi gutt, déi béis an och déi kleng Geeschter hunn sech op allen Fall deen Owend gutt amuséiert an mir soen all deenen déi dobäi gehollef hunn en decken Merci !

 

Hei sinn d’Fotoen .

Eisen Don fir d’Associatiounen Aide à l’enfance de l’Inde an Rokku Mi Rokka

Scheck_2016Am Mäerz haten d’Kanner aus dem Gebai Albert Elsen en Fréijoersmaart organiséiert. Well si domadder esou e groussen Erfolleg haten, war hier Kees duerno gutt gefëllt.

Mat deenen Suen wollten si  aneren Kanner  hëllefen , deenen et net esou gutt geet ewéi hinnen. Dofir gouf decidéiert fir d’Associatiounen Aide à l’enfance de l’Inde an Rokku Mi Rokka mat engem Don vun je 2.400 Euro ze ënnerstëtzen.

Hei fannt der d’Foto vun der Scheckiwwerreechung op där bal all d’Kanner  aus eisem Gebai missten dropsin.

An hei nach méi Informatiounen zu  Aide à l’enfance de l’Inde  an  Rokku Mi Rokka.

Eisen Fréijorsmaart 2016

DSC_0359

 

 

 

 

 

 

 

 

Dëst Joer hat eisen Fréijorsmaart en Super Succès. En décken Merci un jiddereen , deen an iergendenger Form dozou bäigedroen huet.

Esou kënnen mer elo d’Associatiounen Aide à l’enfance de l’Inde an  Rokku Mi Rokka kräfteg ënnerstëtzen an esou Kanner an Indien an Afrika hëllefen, deenen et net esou gutt geet.

Hei sinn e puer Souveniren vun deem flotten Mëtteg.

Eis Fuesparty

DSC_0142Dëst Joer haten mer op eiser Fuesparty am Gebai Albert Elsen Boken mat gréngen , gielen an rosaen Gesichter.

Esouguer e Schnéimännchen war derbäi , deem et hoffentlech net ze waarm war.

Awer och all déi aner waren flott verkleed an hunn sech gutt amuséiert.

Wéi vill Spaass si haten, kennt der hei op eisen Fotoen gesinn.

Eise Chrëschtmaart 2015

DSC_0042Eise Chrëschtmaart hat dëst Joer enormen Succès. Eng vun villen Ursaachen dofir, war ganz bestëmmt eisen Kannerchouer aus dem Cycle 2.Déi Kleng hunn gesongen ewéi d’Engelcher an eis all domadder an déi Adventsstëmmung bruecht, déi een weder um Internet nach am Shoppingzenter fënnt.

En decken Merci un eisen Chouer an un all Leit , déi mat hinnen geprouft hunn.

Hei fannt der d’Fotoen vum Event.

Eist Afrikaduerf

DSC03477

 Nee, mir sinn natierlech  net bis an Afrika gefuer. Dat wier jo och e bëssen wäit gewiescht.

Eist Duerf war vun der Action Solidarité Tiers Monde an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Miersch an der Hal Irbicht zu Biereng opgebaut ginn.

Hinnen all dofir nach eng Kéier en decken Merci.

Esou haten eis Kanner d’Geleeënheet fir d’Liewensgewunnechten an engem afrikaneschen Duerf kennen ze léieren.

Si hunn z.Bspl. erkannt wéi schwéier et kann sinn fir un proppert Waasser ze kommen an wéi vill  d’Leit mussen schaffen fir hiert Iessen ze preparéieren.

Wéi eist Afrikaduerf ausgesinn huet ,gesitt der hei op dësen Fotoen.

Fuesparty – Albert Elsen

Virun der Fuesvakanz hunn déi Kleng an déi Grouss am Gebai Albert Elsen Fuesent gefeiert.

Alleguerten ware mer flott verkleet an dëst Joer konnt een, nieft deenen klasseschen Kostümer, souguer en Hung an en Legosmännchen bewonneren.



Mee egal als wat een komm war,  jiddereen huet sech gutt amuséiert.

Hei sinn d’Fotoen vun eiser lëschteger Party.

Geeschterowend 2014

DSC_0624Den Dënschdeg, den 4.November waren d’Geeschter nees lass am Gebai Albert Elsen.

D’Haaptattraktioun war natierlech eis Geeschterbunn, déi all Kéiers méi grouss an sophistiquéiert gëtt.

Derniewent hunn eis kleng Geeschter kennen bei den Hexen an der Kichen,all méiglech an onméiglech Saachen schmaachen.Um Menu stoungen z.B. ofgeschnidden Fanger, Aen an Wierm. Falls se dat iwwerlieft hunn, konnten se duerno eisem Zauberer nokucken, deen dem aarmer Joffer Nelly Messeren an de Kapp gestach huet.

No deem Schreck, konnten eis Kleng dunn mol entspanen an en richtegt léift Gespenst bastelen.

Méi schlëmm ass et dunn awer ginn ,ewéi se hunn missten fillen an roden wat e puer Hexen hinnen an schwaarzen Tuten verstoppt haten.Wat dat alles war, kann een wierklech kengem soen.

Am Geeschterkino huet de Kanner hiert Lieblingsschof Shaun sech méi ewéi eng Kéier bal zu Doud gefaart. Awer keng Angscht, och des Kéier hat alles en Happyend.

Am leschten Atelier hunn e puer musikalesch Geeschter mat eisen Klengen e flott Lidd gesongen .

Als Kréinung vun dem Ganzen gouf dëst Joer och nach en superflott Feierwierk ofgebrannt .

Déi gutt, déi béis an och déi kleng Geeschter hunn sech op allen Fall deen Owend gutt amuséiert an mir soen all deenen déi dobäi gehollef hunn en decken Merci !

Hei sinn d’Fotoen .

An der Thillenvogtei

044De Musée Thillenvogtei as e liewegen Landmuseum mat Schwéierpunkt Landwirtschaft, Handwierk, Hauswiesen a Schoul. Säit neistem sinn si net méi zu Wahl mee zu Randschelt ( Rindschleiden ). Eng vun villen Aktivitéiten déi si Gruppen an Schoulklassen ubidden ass en Ausfluch an den Bongert. Duerno gëtt dann zesummen Viz gemaach an  Äppeltaarten gebak. D’Klass Blasius / Etgen huet vun engem vun den leschten schéinen Deeg am Hierscht profitéiert fir den Kanner een Deel vum Liewen vun fréier méi no ze bréngen.

Hei sinn hir Fotoen.