Aweiung Nic Welter

DSC_0005

 

De Freideg , den 2. Juni hunn mir eis nei Nic Welter Schoul mat der neier Maison Relais ageweit.

Dat ganzt Gebai huet déi stolz Zomm vu 15,5 Milliounen Euro kascht.

Dofir krute mir eng supermodern Schoul mat Airtramp, Bibliothéik , Kichen, Bastelsall, Naturspillplatz , flotte Klassensäll an enger Maison Relais fir 300 Kanner.

De Minister Claude Meisch zesumme mat eisem Gemengerot an villen Invitéen huet d’Nik Welter Schoul senger Bestëmmung iwwerginn an der Hoffnung , datt d’Kanner do déi beschte Viraussetzungen hunn fir ze léieren an ze liewen.

An esou enger flotter Schoul geet d’Léiere jo och wuel baaal vum selwen , oder …?

Hei sinn d’Fotoe vun der Aweiung.

 

 

 

Chrëschtmaart 2016

Affiche Chrëschtmaart2016De 22. Dezember 2016 ass et rëm sou wäit: fir d’véiert gëtt um Krounebierg bei der Cécile Ries Schoul e Chrëschtmaart organiséiert. D’Schüler si fläisseg amgaang mat bastelen an d’Préparatioune lafen op Héichtouren.

Eise Chrëschtmaart ass vu 17.30 bis 21.00 Auer op.

Nieft dem Verkaf vun de Bastelsaachen ass och rëm e Bichermaart, wou d’Kanner hir gebrauchte Bicher verkafen oder tausche kënnen.

E Grupp vu Kanner an Enseignant’e probéiert dann och musikalesch de richtegen Toun ze treffen an esou eise Chrëschtmaart ze verschéineren.

Och déi Hongreg an Duuschtreg sollen op hir Käschte kommen, well mir vill verschidde Spezialitéiten ubidden, wéi Kniddelen, Christmasburger, Choucroute garnie, Okonomiyaki, Poffertjes a villes méi!

Mir freeën eis ob Iech.

Geeschterowend 2016

DSC_0640 - Kopie (2)Den Dënschdeg, den 8.November waren d’Geeschter nees lass am Gebai Albert Elsen.

D’Haaptattraktioun war natierlech eis Geeschterbunn, déi all Kéiers méi grouss an sophistiquéiert gëtt.

Derniewent hunn eis kleng Geeschter kennen bei den Hexen an der Kichen,all méiglech an onméiglech Saachen schmaachen.

Um Menu stoungen z.B. ofgeschnidden Fanger, Aen an Wierm. Falls se dat iwwerlieft hunn, konnten se duerno eisem Zauberer nokucken, deen dem aarmer Joffer Nelly Messeren an de Kapp gestach huet.

 

No deem Schreck, konnten eis Kleng dunn mol entspanen an en richtegt léift Gespenst bastelen.

Méi schlëmm ass et dunn awer ginn ,ewéi se hunn missten fillen an roden wat e puer Hexen hinnen an schwaarzen Tuten verstoppt haten.

Wat dat alles war, kann een wierklech kengem soen.

 

Am Geeschterkino huet de Kanner hiert Lieblingsschof Shaun sech méi ewéi eng Kéier bal zu Doud gefaart.

Awer keng Angscht, och des Kéier hat alles en Happyend.

Am leschten Atelier hunn e puer musikalesch Geeschter mat eisen Klengen e flott Lidd gesongen .

Als Kréinung vun dem Ganzen gouf dëst Joer och nach en superflott Feierwierk ofgebrannt .

Déi gutt, déi béis an och déi kleng Geeschter hunn sech op allen Fall deen Owend gutt amuséiert an mir soen all deenen déi dobäi gehollef hunn en decken Merci !

 

Hei sinn d’Fotoen .

Musical (Cycle 4.2 – LuRaNi)

Zum Ofschloss vum Schouljoer 2015/2016 hunn d’Klassen Nickts & Floener (Cycle 4.2) an Zesummenaarbecht mam Luc Steichen an der zweeter Halschent vum drëtten Trimester e Musical astudéiert: „Coco Superstar… und unsere Schule steht Kopf“.

D’Optrëtter waren déi läscht Schoulwoch zu Biereng an der Hal Irbecht an d’Zuschauer ware begeeschtert vun de Schüler hirer Virstellung.

Déi dräi Schoulmeeschtere sinn houfreg ob d’Leeschtung an d’Engagement vun hire Schüler a soen hinne Merci datt sie sou motivéiert matgemaach hunn a wënschen hinne lo alles Gutts a vill Erfolleg fir hire weidere Schoulwee am Lycée.

All deenen déi eis virun, op oder hannert der Bühn gehollef schécke mer e weidere grousse Merci.

Wann der de Musical verpasst hutt, kënnt der iech hei e puer Fotoen ukucken.

DSC_0399

Schoulfest um Krounebierg

Schoulfest2

D’Schoulfest steet ënnert dem Thema Wëssenschaft an Experimenter. Nieft ville Spiller an Experimenter hu mir och eng Science Show um 15:00 an um 17:00 Auer. D’Physikanten, 2 Wëssenschaftler aus Däitschland, erklären op eng flott Aart a Weis wëssenschaftlech Phänomener a féieren Experimenter duerch.



Porte-Ouverte um Krounebierg

Den 30. Mee haten d’Kanner, d’Enseignant’en an d’Maison Relais vum Krounebierg op hir Porte-Ouverte agelueden. D’Thema war: „Komm mat op eng Weltrees“ an et gouf immens vill op dëser Rees ze entdecken. All Deel vun der Schoul war en anere Kontinent an d’Visiteure goufe mat Plakater, Präsentatiounen, Kuerzfilmer an Erklärunge vun de Schüler informéiert a mat Spiller, Rätselen, Musék an Dänz ennerhalen. Fir den Honger an den Duuscht war och gesuergt an d’Leit si mat deene jeweilege kulinarësche Spezialitéite ronderëm d’Welt verwinnt ginn. Vill Elteren haten de Wee an d’Schoul fonnt a konnten sech vun de Kanner hirer gudder Aarbecht iwwerzeegen. Merci jidderengem deen zu deem flotten Dag bäigedroen huet!

Eisen Don fir d’Associatiounen Aide à l’enfance de l’Inde an Rokku Mi Rokka

Scheck_2016Am Mäerz haten d’Kanner aus dem Gebai Albert Elsen en Fréijoersmaart organiséiert. Well si domadder esou e groussen Erfolleg haten, war hier Kees duerno gutt gefëllt.

Mat deenen Suen wollten si  aneren Kanner  hëllefen , deenen et net esou gutt geet ewéi hinnen. Dofir gouf decidéiert fir d’Associatiounen Aide à l’enfance de l’Inde an Rokku Mi Rokka mat engem Don vun je 2.400 Euro ze ënnerstëtzen.

Hei fannt der d’Foto vun der Scheckiwwerreechung op där bal all d’Kanner  aus eisem Gebai missten dropsin.

An hei nach méi Informatiounen zu  Aide à l’enfance de l’Inde  an  Rokku Mi Rokka.

Schoulsportdag

Bei beschtem Wieder konnten d’Kanner aus dem Cycle 4 vun der Cécile Ries Schoul déi verschiddenst Sportarten ausprobéieren. Mat Basket, Mountain-Bike, Danzen, Dëschtennis, Schwammen, Aquagym a -bike, Beachvolley, Jiu-Jitsu Brésilien, Handball, Krav Maga, Karate & Judo, Fussball, Liichtathletik, Volleyball a Rugby war fir all Goût eppes dobäi.
Ouni d’Hëllef vum Sportslycée a senge Schüler, deene verschiddene Verbänn a Veräiner hätte mir et awer net gepackt, esou e flotten an ofwiesslungsräiche Programm fir d’Kanner opzesetzen. Dofir hinnen alleguer nach emol e grousse Merci fir hirt Engagement.

d’Equipe vum Organisatiounsgrupp SchoulsportdagBildschirmfoto 2016-06-01 um 10.51.30

De Reportage um RTL kënnt dir hei kucken.

De Fotoreportage vum Här Floener fannt dir an eiser Rubrik „Fotogalerie“ an och hei ennendrënner.

Den ganzen Beitrag lesen …

Porte Ouverte

Flyer

Bicherausstellung a -verkaf

dumong

Bicherausstellung a -verkaf an der Bibliothéik vun der Cécile Ries Schoul. Och dëst Joer présentéiert eis d’Librairie Dumong vun Ettelbréck d’Neiegkeeten um Kannerbuchmaart, an dat méindes vun 14.00 bis 17.00 Auer an dënsdes, mëttwochs an donneschdes vun 08.00 bis 12.00 Auer a vun 14.00 bis 17.00 Auer besichen. Während der Schoulzäit besichen d’Schoulklasse vu Miersch d’Ausstellung. Außerhalb vun de Schoulstonnen sinn d’Kanner, hir Elteren, Famill a Frënn agelueden um Krounebierg an de Bicher ze stöberen.

Mir géifen eis free’en iech hei uewen an der Bibliothéik begréissen ze kënnen!

d’Bicherwierm vum Krounebierg